Gratis Schnelltester (Covid-19) fir d’Awunner aus der Gemeng Groussbus.

D’Gemeng stellt hire Bierger gratis Schnelltester zur Verfügung, déi an enger vun den 3 Apdikten aus dem Kanton Réiden (Groussbus, Rammerech oder Réiden) duerchgefouert an zertifiéiert kënne ginn.
Dir kënnt ee Bong mam Schnelltest an de Populatiounsbüro zu de gewinnten Ëffnungszäite siche kommen.

De Stock ass limitéiert.
Et geet just 1 Test pro Persoun raus.