Am Kontext vu Neistart Lëtzebuerg, fir d’Clever solar-Primmen ze promouvéieren an de Bierger d’Sonn als nohalteg Energiequell méi no ze bréngen, lancéiert myenergy ab e Mëttwoch dem 22. Juli nees e flotte Facebook-Concours : Solarenergie am Fokus!
Wéi de Numm et schonns seet handelt et sech heibäi em e Photo-Concours, bei deem et drëms geet, d’Solarenergie nei z’entdecken, an dobäi unhand vun enger Photo ze weise wéi een d’Sonn kreativ duerstellen oder notze kann!
Och zwee flott Präisser sinn hei virgesinn: gewanne kann een eng Finanzéierungsbedeelegung fir eng Solaranlag op sengem Daach an eng Vakanz doheem mat Iwwernuechtung an engem Ecolabel-Hotel, Ausfluch am Solarboot a Lokatioun vun Elektroveloen!

www.facebook.com/myenergy.lu