10/05/19

Groussbus krut eng Bicherbox

Dëser Deeg hunn d’Arbechter vum techneschen Déngscht vun der Gemeng Groussbus di flott Telefonskabinn nieft d’Bushaische virum Paschtoueschhaus montéiert. Dëst koum zustanen op Initiativ vun der Kultur- Jugend- a Sportskommissioun vun der Gemeng Groussbus. Wéi bis eng Kabinn bei der Post opgedriwwe war, ass et lass gaangen am Atelier vun der Gemeng, wou d’Jongen dee ganzen Interieur demontéiert an se nei ageriicht hunn. D‘Christiane Schmalen konnt schliesslech säi kënschtlerescht Talent esou richteg ënner Beweis stellen, a mat senge faarwege Fantasiefiguren der Bicherbox dee néidege Charme verpassen. Mëttlerweil hunn d’Kommissiouns-memberen d’Kabinn och scho gutt gefëllt mat Bicher aus alle Beräicher, an déi éischt positiv Echoen deiten op e grousse Succès hin.

Fir d’Kultur-, Jugend-, a Sportskommissioun

Roger Gereke

Méi Fotoen beim Artikel op mywort.lu


E puer Prinzipien fir de flotte Gebrauch vun eiser Bicherbox:

  • Et ass eng Bibliothéik, wou Der Bicher ausléint fir ze liesen a NET fir ze halen !
  • Huelt w.e.g. ëmmer nëmmen 1 Buch mat, sou loosst der dem Lieser no Iech e gréissere Choix;
  • Wann der d’Méiglechkeet hutt, stellt e Buch vun Iech am Plaz, wann Der engt eraushuelt;
  • Respektéiert w.e.g. di verschidde Kategorië beim Zrécksetzen (Kanner-Jugendbicher; Krimien, Saachbicher,..);
  • Respektéiert de gudden Zoustand vun de Bicher, déi der an eiser Box fannt;
  • D’Kommissioun wäert an engem gewëssenen Ofstand de Bestand u Bicher opfrëschen;
  • Dir kënnt eis och gären Är Bicher zur Verfügung stellen, déi mir no a no era setzen. Adresséiert Iech duerfir un e Member vun der Kulturkommissioun oder per mail un culture@groussbus.lu.