A l’écoute du citoyen
Le 24/01/2012
Een oppent Ouer fir de Bierger
Fir de Kontakt mat hiere Bierger ze verbesseren, stin de Buergermeeschter a séng Schäffen ab dem 1. Februar 2012 regelméisseg fir Gespréicher zur Verfügung.
Dës Spriechstonn fënnt am Sitzungssall vun der Gemeng statt, all 1. an 3. Mëttwoch am Mount, mat Ausnahm vum Mount August. Tëschent 18:00 an 19:00 Auer huet all Bierger d’Geleënheet, perséinlech mat engem Member vum Schäfferot ze schwätzen. Et muss en sech net umellen oder e Rendez-vous huelen.
Een oppent Ouer fir de Bierger - A l'écoute du citoyen - Ein offenes Ohr für den Bürger

SMS2Citizen